30/05/2026
Mir hu bei eis um Haff och eng Reitschoul, eis Schoulpaerd leien eis um Haerz, a sou ass et eis wichtëch dat mir sie och an „d‘Pensioun“ entloossen sou laang se nach fit sin a se net am Reitbetrieb halen bis se net méi kënnen oder wëllen.
Mir hu seit Joren gudd Erfahrungen mat deem System gemaach, an hu schon eng ganz Partie Paerd op deem Wee an hir wuehlverdéngten Pensioun entloosse kënnen.
Natiirlech kéinte se och einfach bei eis op der Wiss stoen mä mir fannen et ëmmer flott wann d‘Paerd eng Plaz fannen wou sie net ze kuerz kommen, sech Zeit geholl get no hinnen ze kucken, a sie och nach vlait eng kleng Aufgab hun. Leider fehlt eis heiansdo déi Zeit einfach dann fir hinne gerecht ze gin.
Aktuell hu mir 3 sou Fäll. Et sin 3 Paerd, 2 Minnechen an 1 Mir. Sie sollen an d’Pensioun, also keng Reitcarrière méi anzwousch hun. Sie sin also usech als Beisteller ze vermëttelen, woubei se sëcher och naischt dogéint hätten ab und zu en Tour an de Bësch geridden ze gin (dat maachen sie och allen 3 nach gaer a sëcher).
Wann dir also e Beisteller sicht oder ee kennt deen ee sicht, kent dir ierch emmer gaer bei eis mellen. Vlait hu mir jo de passenden Partner do stoen. 😉
D‘Foto déngt just der Opmierksamkeet