Appeler Itinéraire Site Web Contacter l'entreprise

LGR Äre Spezialist fir Solaranlagen zu Lëtzebuerg ☀️🇱🇺
2021 vun Lëtzebuerger Doktoranden gegrënnt
An haut scho 500+ Anlagen verbaut

15/10/2026

D’Sonn schéngt, den Auto lued. ☀️➡️🚗⚡

Mat enger Wallbox a Kombinatioun mat der PV-Anlag kann de produzéierte Solarstroum direkt doheem genotzt ginn, fir den Elektroauto ze lueden.

Eis Elektriker suergen dofir, dass och hannert de Kulissen alles richteg verkabelt an ugeschloss ass. 🔌🛠️

Praktesch, effizient an direkt doheem. ⚡🚗

Schéi geschafft vum Alex! ☀️🔌Bei LGR kritt Dir alles aus enger Hand: Photovoltaik, Batteriespäicher, Wallbox a Wärmepomp...
08/10/2026

Schéi geschafft vum Alex! ☀️🔌

Bei LGR kritt Dir alles aus enger Hand: Photovoltaik, Batteriespäicher, Wallbox a Wärmepompel – alles optimal openeen ofgestëmmt. 💚

Haut stelle mir iech zwee vun eisen Elektriker vir: de Rick(L) an den Jason(R)! ⚡👷‍♂️Dem Jason gefält virun allem d'Ofwi...
29/09/2026

Haut stelle mir iech zwee vun eisen Elektriker vir: de Rick(L) an den Jason(R)! ⚡👷‍♂️

Dem Jason gefält virun allem d'Ofwiesslung bei der Aarbecht an de Kontakt mat de Clienten. Schonn an der Schoul huet hie sech fir Physik an handwierklech Aarbecht interesséiert – esou ass hie schlussendlech Elektriker ginn. 🔧

De Rick huet éischter iwwer Ëmweeër an de Beruf fonnt. Haut schätzt hie virun allem, dass d'Aarbecht vill Ofwiesslung bitt, een um Enn vum Dag gesäit, wat ee geleescht huet, an dass een ëmmer erëm eppes Neies bäiléiert. ⚡

Bei enger Saach si sech déi zwee awer eens: Gutt Stëmmung – an am beschte Musek – dierf op kenger Baustell feelen. 🎶😄

26/09/2026

Keng Platz fir eng Batterie? Dat ass méi seele de Problem, wéi ee mengt. 😉🔋

Modern Späichersystemer brauchen net vill Plaz a kënnen, jee no Installatioun, kompakt am Haus oder an der Garage ënnerbruecht ginn.

Esou kënnt dir méi vun ärem eegene Solarstroum späicheren an och dann dovu profitéieren, wann d’Sonn grad net schéngt. ☀️⚡

21/09/2026

Dass mir PV-Anlagen montéieren, dierft mëttlerweil ville Leit bewosst sinn. ☀️ Mee dat ass nach laang net alles!

Bei Letz Green Renewables kritt Dir déi komplett Energieléisung fir Äert Doheem aus enger Hand:

☀️ PV-Anlagen fir Ären eegene Stroum ze produzéieren.
🔋 Batteriespäicher fir Är produzéiert Energie och méi spéit ze notzen.
🚗 Wallboxen fir Ären Elektroauto bequem doheem ze lueden.
🌡️ Wärmepompelen fir Äert Doheem effizient an nohalteg ze hëtzen.

An dat Bescht: Alles aus enger Hand, ouni Sous-traitance. Eis eegen Ekippe këmmere sech ëm d’Installatioun an d’Ëmsetzung vun Ärem Projet. 🛠️💚

👉 Kontaktéiert eis iwwer de Formular op eisem Site lgr.lu a loosst Iech gratis beroden.

17/09/2026

D’PV-Anlag läit um Daach – mee domat ass d’Aarbecht nach laang net fäerdeg. ☀️⚡

Elo kënnt den elektrischen Deel: Wallbox, Backup-System, Haaptverdeelung an de finalen Uschloss vum Wechselrichter. Eis Elektriker suergen dofir, dass um Schluss alles zesummespillt an d’Anlag prett ass fir an Betrib geholl ze ginn. 🔌

Well zu enger kompletter PV-Anlag gehéiert méi wéi just Solarpanneauen um Daach. 😉

15/09/2026

Dat kennt bei eis natierlech net vir 😀

Ënnert der Woch hu mer den Alex an de Finn op enger Baustell begleet⚡Well och wann d'PV-Anlag um Daach läit, ass d'Aarbe...
12/09/2026

Ënnert der Woch hu mer den Alex an de Finn op enger Baustell begleet⚡

Well och wann d'PV-Anlag um Daach läit, ass d'Aarbecht nach net fäerdeg. Hei kommen eis Elektriker an d'Spill: Si suergen dofir, dass d'Kabele vum Daach bis bei de Wechselrichter verluecht ginn an d'Anlag fachgerecht ugeschloss gëtt. 🔌☀️

A wann de Client nach ee Schrëtt méi wäit goe wëll, këmmere si sech och ëm d'Integratioun vun enger Späicherbatterie oder Wallbox.

10/09/2026

Bei eis kënnt d’Sécherheet ëmmer als éischt. 👷‍♂️⚡

Dofir schaffe mir op eisen Aarbechtsplazen mat professionell opgeriichte Gerüster.

Esou suerge mir net nëmme fir e séchert Aarbechtsëmfeld, mee och dofir, dass eis Mataarbechter sech bei hirer Aarbecht wuel fillen.

Well gutt Aarbecht fänkt mat gudden Aarbechtskonditiounen un.💪

Mir sinn houfreg, schonn iwwer 500 Photovoltaik-Projeten zu Lëtzebuerg realiséiert ze hunn. ☀️🏡Hei gesitt dir just e pue...
31/08/2026

Mir sinn houfreg, schonn iwwer 500 Photovoltaik-Projeten zu Lëtzebuerg realiséiert ze hunn. ☀️🏡

Hei gesitt dir just e puer Ablécker vun eisen Installatiounen. Merci un all eis Clienten fir hiert Vertrauen! 💚

Adresse

11 Am Burfeld
Manternach
6850

Téléphone

+35227869000

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque LGR publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à LGR:

Raccourcis

Partager