Domaine Sunnen-Hoffmann

Domaine Sunnen-Hoffmann Domaine Viticole de la Moselle luxembourgeoise créé en 1872
Premier Domaine viticole luxembourgeoi

Le Domaine est géré en 5e génération par Corinne Kox-Sunnen et Yves Sunnen

Heures d'ouverture pour visites et dégustations:
Lu-Ve: 8:00-12:00 et 13:30-17:00
Sa et Di sur R-V

25 Joer Biowäibau Sunnen-Hoffmann - 25 intensiv Joer an deene mir all Dag mat der Natur a virun allem fir d’Natur schaff...
12/07/2026

25 Joer Biowäibau Sunnen-Hoffmann - 25 intensiv Joer an deene mir all Dag mat der Natur a virun allem fir d’Natur schaffen✨🥂
Merci eiser Wäibauministesch Madame Martine Hansen fir hir Visite an hir Gratulatiounen zu 25 Joer Bio Domaine Sunnen-Hoffmann.
Merci der Biovereenegung fir Iwwerreechung vun enger Rous als Gratulatioun.
Merci dem Raymond Aendekerk fir R***e passéieren vum biologesche Wäibau hei zu Lëtzebuerg.
Merci eiser Equipe fir déi vill Handaarbecht, Präzisioun an de konstante Wëllen sech vu Joer zu Joer ze verbesseren.
An virun allem Merci eise Clients fir déi joerelaang Ënnerstëtzung.
Prost op nach vill weider flott Joren mat Wäiner a Crémant déi hir Hierkonft an hir Geschicht mat all Glas erzielen - individuell, elegant an terroirbetount🍇✨

📸CharelHeinz

Mir sin nach op der Sich no Liesléit  ✂️🍇✨Huet dir Loscht an Zäit en Déel vun eiser Lies-Equipe ze sinn, an dât ab 24.Au...
02/07/2026

Mir sin nach op der Sich no Liesléit ✂️🍇✨
Huet dir Loscht an Zäit en Déel vun eiser Lies-Equipe ze sinn, an dât ab 24.August bis Enn September, da mëllt iech bei eis fir weider Informatiounen mat engem Email op: [email protected] oder um Tel: 23664007
Mir freeën eis🥂
————————————————
Les vendanges approchent, nous recherchons encore des vendangeurs ✂️🍇✨
Si vous souhaitez rejoindre notre équipe et que vous êtes disponible fin août jusqu’à fin septembre, n’hésitez pas à nous contacter.
Nous pourrons vous donner plus de détails par email : [email protected] ou ou tél: 23664007
Nous serions contents de vous rencontrer 🥂

23/05/2026
20/05/2026

Schéi Foto vun der Famill Sünnen-Hoffmann virun hirer Wiertschaft zu Rëmerschen an der Wäistrooss. D'Haiser op der Foto stinn iwwregens haut nach alleguer. Schéi wär et, wann ee lo nach d'Leit op der Postkaart ikéint identifizéieren.

D'Kellerei Sunnen-Hoffmann kann op eng méi wéi 150-jähreg Geschicht zeréckblécken. D'Kellerei respektiv de Wäinhandel gouf 1872 vum Antoine Sünnen zu Rëmerschen gegrënnt. 1902 hu säi Fils Michel Sunnen (den "ü" geet am Laf vun der Zäit verluer) a seng Fra Elisabeth Hoffmann d'Kellerei iwwerholl. D'Famill hat, wéi een op der Postkaart gesäit, nieft dem Wäinhandel och eng Wiertschaft mat Restaurant.
Ee vun de Jongen vun der Koppel Sunnen-Hoffmann, den Ernest Sunnen mat senger Fra Lily Faust huet de Betrib iwwerholl. Vun hiren dräi Jongen huet de Fernand a seng Fra d'Liette Kihn de Betrib weidergefouert. Nom Doud vum Fernand Sunnen am Joer 1999 hu seng Kanner, d'Geschwëster Corinne & Yves Sunnen de Betrib viru gefouert.
2001 gouf Pionéieraarbecht geleescht: an deem Joer gouf Caves Sunnen-Hoffmann deen éischte Lëtzebuerger Wënzerbetrib mat zertifiéiertem Bio-Wäin.
Haut steet déi jonk a kreativ Marie Kox, Duechter vum Henri Kox & Corinne Sunnen a sechster Generatioun un der Spëtzt vun der Kellerei, déi mëttlerweil och de pedagogesche Volet ausgebaut huet a Kanner a Jugendlechen alles ronderëm d'Drauf an d'Wäiproduktioun méi no bréngt.

Schéi Chrëschtdeeg an alles Guddes fir 2026 ✨🎄🥂Merci Astrid fir 30 Joer bei eis am Betrib, genéiss deng wuelverdéngten P...
23/12/2025

Schéi Chrëschtdeeg an alles Guddes fir 2026 ✨🎄🥂Merci Astrid fir 30 Joer bei eis am Betrib, genéiss deng wuelverdéngten Pensioun.
Welcome Prescillia a Filippo an eisem Team🍇

Mir soen iech villmools Merci✨

✨🎄🥂GLÜH-NOMËTTEN am Haff21.12.202515h-20hGenéisst mat eis hausgemaachte Glühwäin, souwuel an der rouder wéi an der wäiss...
10/12/2025

✨🎄🥂
GLÜH-NOMËTTEN am Haff
21.12.2025
15h-20h

Genéisst mat eis hausgemaachte Glühwäin, souwuel an der rouder wéi an der wäisser Variant, oder e gemittlechen alkoholfräien Punsch.

Fir de klengen Honger suergt den .

Falls Dir nach e Last-Minute-Geschenk braucht, stellen zwee Créateuren hir eenzegaarteg Produiten aus ( & ). An natierlech berode mir Iech gären, wann nach de perfekte Wäin fir Äert Festiesse feelt.

Mir freeën eis drop✨
Sunnen-Hoffmann

Adresse

6 Wisswee
Remerschen
L-5441

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Domaine Sunnen-Hoffmann publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Type